Dazu schreiben unsere Kollegen vom Diekircher Kantonalverein folgendes:
Vill vun eisen Beienziichterinnen an Beienziichter hunn den Dikricher Veräin fonnt, well si sech fir d’Beien intresséieren an léieren wollten, wéi een domadder ëmgeet. Domadder ass kloer, dat d’Motivatioun fir eppes iwwert d’Beien ze léieren eent vun den gréissten Argumenter ass, firwat d’Memberschaft an engem Beieveräin esou wichteg ass. Zu Dikrech zum Beispill informéieren mir all Saison eis Nei- an Nach-net-Imker driwwer, wat di optimal Viraussetzungen sinn fir Beien ze halen, wéini d’Theorieskueren bei der Federatioun (FUAL) uginn an wéi di praktesch Kueren op eisem Stand an der Hooldär oflafen.
Domadder ass et awer net gelaf. Och no deenen 2 Joer prakteschen Kueren, déi mir uroden, ass een nach laang keen Expert an begéint ëmmer rëm nei Situatiounen, di een nach net hat oder net kennt. Do ass et natierlech wichteg, dat een vun deem „Schwarmwëssen“ profitéieren kann, wat esou een Veräin huet. Well all Treffen vum Veräin bréngt rëm jonk an erfueren Beienziichter beieneen, genee sou wéi d’Unhänger a Benotzer vun den verschiddenen Këschtenmoossen an Materialien, an souguer Bio- an traditionell Imker. An meeschtens offenen an konstruktiven Gespréicher loossen sech esou vill Erfarungen austauschen, Rotschléi sammelen an nei Iddien diskutéieren.
Do dernieft gëtt een an engems gewuer, wéi di aner Beievëlker an der Ëmgéigend sech grad entwéckelen. Wien huet sech net well d’Fro gestallt, ob seng Beien „méi spéit usinn“ oder op et awer vläicht un senger Betribsweis oder ëppes läit, wat e vläicht anescht gemaach huet wéi den Noper. Natierlech gëtt d’Beienwoo op eiser Websäit eng Indikatioun, mee nëmmen am Gespréich mat den Beiekolleegen aus der Géigend kann ee Froen stellen an Äntweren kréien.
Doduerch, dat een all Woch seng eegen Beien gesäit an dozou nach d’Stänn vum Veräin, léiert een awer och ganz einfach mi huerteg. Et gesäit een nämlech vill méi an der nëmleschter Zäit, méi Handgrëffer, méi Krankheeten an och alt méi Feeler, di een selwer net méi ze maache brauch. A wann et dann mol awer geschitt, ass dat och net sou wëll. Am Veräin hëllefen mir mat Kinniginnen, Zuuchtmaterial a Varroamëttel aus, wou mir nëmmen kënnen, an och een Ableger ass alt gären derbäi.
Natierlech erënneren mir iwwert Joer gekuckt dann och un di verschidden Prozeduren, wéi z.B. d’Beien unzemellen a Behandlungsmëttel bestellen, an och iwwert di verschidden Seminairen an Formatiounen vun eis, der Federatioun an den verschiddenen Kantonalveräiner halen mir Iech um Lafenden. Wéi Dir warscheinlech wësst, ass d’Memberschaft an engem Kantonalveräin d’Viraussetzung fir an der FUAL (www.apis.lu) ugemellt ze sinn an doduerch d’Beienzeitung ze kréien an u verbëllegt Varroabehandlungen ze kommen.
Zu Dikrich kënnen mir mat eisem neien Beienhaischen mat separatem Schleiderraum natierlech ganz konkret deenen Beienziichter hëllefen, wou et doheem un Platz feelt, oder di sech nach net fir eng Schleider an Entdeckelungsgeräter decidéieren konnten.
Voilà, et sinn eng ganz Rëtsch vun Virdeeler, sengem Kantonalveräin bäizetrieden! Dir sidd häerzlech wëllkomm fir bei eis léieren ze kommen, an nach méi freeën mir eis, wann Dir eis dono trei bleift an mir eis reegelméisseg rëmgesinn an austauschen kënnen. Och eisen Veräin lieft vum Benevolat an just zesummen kënnen mir eis Aufgaben meeschteren, genee sou wéi bei den Beien.