Léif Beiefrënn(dinnen), léif Memberen,
De Comitée vum Beieveräin Kanton Dikrich, a.s.b.l. invitéiert Iech op seng Generalversammlung e Freideg den 29. Abrëll 2022 um 19.00 Auer am am Festsall vum Complexe scolaire zu Dikrich.
PROGRAMM
✔ Begréissung vum Éierepresident Pierre Meyer a President Jerry Groeff
✔ Réckbléck op d’Joer 2021
✔ Keessebericht
✔ Décharge vum Keessier a vum Verwaltungsrot
✔ Nenne vun de Keesserevisoren an de FUAL Delegéierten
✔ Erläuterungen vun der Hunneggenossenschaft zu hirem neien Qualitéitslabel „Marque Nationale – Lëtzebuerger Hunneg“
✔ Virtrag iwwer Hunnegverarbëschtung vum Beruffsbeienziichter Jungels Vuckes
✔ E Patt mat Schnittëscher
✔ Geselleg Ronn an fräien Austausch iwwer aktuell Themen
✔ Tombola mat Kinniginnen aus eegener Zuucht, Ableger an Imkergeschier
Fir eis d’Organisatioun e wéineg méi einfach ze maachen, mellt Iech wgl bis den 26. Abrëll. Dir sidd awer och den Dag selwer häerzlech wëllkomm falls Dir dëst verjuppt hätt.