Gudden Owend,
Heimadder wollten mir Iech di lescht Detailer zum Nationalen Beiendag, desen Sonndeg 22.10.2023, matdeelen:
- hei hudd Dir nach eemol den ganzen Programm - Dir kënnt och spontan ouni Umellung lanschtkommen
- Denkt drun aeren Hunneg fir den Atelier vun der Hunneganalys matzebréngen
- Denkt och onbedingt un aeren Refraktometer fir en op der Platz ze testen an anzestellen (suwait wéi et méiglech ass, je no Apparat)
- Fir Gedrenks & Iessen ass gesuergt
- Di genee Adress fannt Dir hei drënner; et ass di nei Ackerbauschoul di um Gilsdrëfer Terrain lait. Konkret fuert Dir awer aus Dikrich raus an richtung Bloen Eck/Medernach an am éischten Rond-point ass se dann ugezeechent. Parkplatzen sinn genuch do!
Lycée Technique Agricole
1, Kréiwénkel
L-9374 Gilsdorf
Link op google maps: https://maps.app.goo.gl/qPs93XbMyRc9HiAaA
Mir freen eis fir mat Iech e flotten Dag ze verbréngen an och op den 140. Gebuertsdag vum Dikricher Beieveräin unzestoussen!
Mat beschten Gréiss,
De Dikricher Beieveräin