e Samschden, 17. Dezember um 14.30. Auer ass zu Blaaschent um Beiestand vum Nico Turmes eng Demonstratioun mam Beieberoder Andreas Reichart wéi d’Oxalsäer soll ugewaandt gin. Och wann déi meescht d’Behandlungsmethod wëssen, ass et eng gutt Geleeénheet fir den Ënnerscheed bei DN an Dadant mat sengen Vëlker ze vergläichen.
Mir hun do d‘Geleeénheet fir eis ze informéieren wéi et mat der Gesondheet vun de Beien dëst Joer allgemeng ausgesäit.
Als Ofschloss fir d’Beiejoer 2022 drénke mer zesummen eng Hunnegdrëpp.
De Kommitee