De Mouvement Ecologique huet an de läschte Méint, am Kader vun enger europäescher Kampagne, Analyse vun der Belaaschtung vun Drénk-, Ueweflächen- a Grondwaasser, ma och vu Wein duerch PFAS erausginn. Et ass leider eng systematesch Belaaschtung duerch dës Ewigkeitschemikalien festzestellen. Demnächst wäerte weider Analyse vu Liewesmëttel verëffentlecht ginn.
Eng franseisch Organisatioun, Générations Futures, huet eng ganz grouss Expertise am Thema ! Et stelle sech vill Froen:
1. Wéi belaascht sinn eis Liewensmëttel?
2. Wéi belaaschtend sinn déi PFAS fir eis Gesondheet? Wat wäere raisonabel Grenzwäerter?
3. Wat leeft op EU-Niveau? Wat ënnerhuelen aner Länner?
Hier können Sie die Infobroschüre downloaden.
