No bal 30 Joer Imkerei, mat vill Freed an Asatz, ass elo leider alters- a gesondheets bedingt Schluss.
Ech hu bequem geimkert mat der Warmbau-Lagerbeute Syst. Bremer.
Elo hun ech nach 2 komplett Beuten aus Kunststoff mat je engem Trachtvollek dran. (Fräi opstellbar)
Ausserdem nach 2 Beuten an Ablegerkëschten äus Holz an der Reserve.
Eng ideal Ausgangsbasis fir en eventuellen Ufänger oder Amateur aus äerer Mëtt.
Dës 4 Beuten géif ech lo gratis ewegginn, un deen, deen se bei mir zu Nidderkuer eweg hellt.
Ausserdem hun ech e komplett Equipement fir ze schleideren an ze verarbechten vum Hunneg.
Dest Equipement géif ech fir en ugemiessene Präis no Diskussioun oftrieden.
Ween sech dat wëll virdrun ukucken ka jo mat mir e RV ofmachen. Tel. 589636
Als Annex eng Foto fir ze weisen wéi déi Beuten ausgesinn.
Jos Meyer, Nidderkuer